Um 13te Spilldag vum Härevolleyball huet Stroossen kloer 3-0 géint Fenteng gewonn. Bei den Damme setze Mamer a Walfer sech duerch.

Bei den Hären ass dëse Weekend och den Optakt vum 13te Spilldag. Dräi Matcher stoungen e Samschdeg um Programm.
Stroossen schléit Fenteng 3-0 (25-14, 25-19, 25-19), Walfer verléiert 1-3 géint Dikrech (25-22, 20-25, 20-25, 23-25) a Luerenzweiler gewënnt mat 3-1 géint Bartreng (21-25, 25-20, 25-17, 23-25).

Um Sonndeg setzt sech dann nach Bouneweg 3-0 (25-23, 25-14, 25-18) géint Stengefort duerch.

D'Matcher vun den Dammen: Walfer schléit Dikrech 3-1 (25-16, 25-13, 20-25, 25-13).
Iechternach verléiert géint Stengefort, dat mat 1-3 (23-25, 25-21, 24-26, 21-25) a Bouneweg huet keng Chance géint Mamer. Mamer wënnt 3-0 (25-19, 25-19, 25-14).