Stroossen a Luerenzweiler bei den Hären an der Finale
Nodeems d'Finale bei den Damme schonn zënter den Donneschdeg feststeet, sinn e Freideg nach Finaliste fir d'Coupe am Härevolleyball gesicht ginn.
An der éischter Partie stounge sech de Coupeverdeedeger Stroossen an den aktuelle Champion Dikrech géintiwwer.
Stroossen hat de besseren Optakt a loung fréi mat 3 Punkte vir. Vun de sëlleche Supporter ugefeiert hunn sech déi Dikkricher rëm an de Match gekämpft a konnte bis kuerz virum Enn vum éischte Set den Avantage halen. No zwou staarke Serien um Service vu Kuchar a Kvasnicka konnt de Coupegewënner vun zejoert de Saz dann awer mat 25-23 fir sech decidéieren.
Am Ufank vum zweete Saz hunn sech béid Ekippe vill Feeler geleescht. Am Beschte ewechkomm sinn dobäi di Stroossener. En plus hunn si sech am Block besser fonnt an déi Dikrecher hu keng Léisung méi fonnt de Ball op de Buedem ze kréien. Symptomatesch huet den Dikrecher Petko Tunchev mat engem Feeler um Service den 2te Saz zu Gonschte vun de Stroossener entscheed.
Am drëtte Saz haten d'Brauereistieter guer näischt méi zegutt. An alle Beräicher hu si d'Iwwerleeënheet vu Stroossen missen unerkennen. Mat 25-12 hunn sech di Stroossener am drëtte Saz duerchgesat. Eng batter Defaite fir den Dikrecher Kapitän Ben Angelsberg den ganz genee weess firwat et haut net geklappt huet.
Am zweete Match vum Dag stoungen sech Luerenzweiler an Bouneweg géintiwwer. Den Outsider aus der Stad ass mat vollem Risiko an de Match gaang an huet sech domat eng Avance vu 4 Punkten am éischte Saz erausgespillt. Op Luerenzweiler Säit hunn se reagéiert a konnten in Extremis de Saz nach emol dréine fir mat 25-22 ze gewanne.
Dat huet hinne Confiance ginn an d' Spiller vum Trainer Ranguel Krivov hunn den 2te Saz dominéiert. Beim zweeten techneschen Temps-morts haten si schonn eng Avance vu 7 Punkten an um Enn wor de Score 25-14 fir de Favorit.
Idem am drëtte Saz. Och do hunn de Chris Zuidberg a Co näischt méi ubrenne gelooss.
Domat heescht Finale um Samschdeg den Owend Stroossen géint Luerenzweiler.
An déi Finale fänkt um 19h30 un.
Um 17h30 ass et schonn den Highlight mat der Finale bei den Dammen tëscht Walfer a Mamer.