D'Häre vu Stroosse wannen 3-0 géint Luerenzweiler. Bei den Damme gouf et an der Coupe-Finale eng däitlech Victoire vu Mamer géint Walfer, och mat 3-0.

Bei den Häre gëtt et eng däitlech Victoire vum Titel-Verdeedeger Stroossen. Si wanne géint Luerenzweiler, dat mat 3-0 (25-19, 25-23, 25-20).

Coupefinal: Stroossen geint Luerentzweiler
Dei Stroossener kennen d'Coupe geint Luerentzweiler verdeedegen.

Bei den Dammen huet den aktuelle Champion Mamer sech duerchgesat. Walfer hat net vill Chance géint dat dominant Spill an déi fest Servicer vun de Géigner.
Den zweete Saz war och fir Mamer, an zwar 25-17. Walfer huet besser gespillt, mä et ass net duergaang.
Och den drëtte Saz konnt Mamer fir sech entscheeden, dat mat 25-16.
Domat ass Mamer mat enger klorer 3-0 Victoire Coupegewënner.

RTL

© Marc Burelbach

Volleyball: Mamer Coupegewënner
Bei den Dammen huet den aktuelle Champion Mamer sech duerchgesat. Walfer hat net vill Chance géint dat dominant Spill an déi fest Servicer vun de Géigner.