Am Volleyballchampionnat heescht d'Finale bei den Hären Dikrech géint Stroossen.

Dikrech huet sech um Samschdeg mat 3:1 géint Walfer duerchgesat. Och déi éischt Partie haten déi Dikrecher mat 3:1 fir sech entscheed.

An der zweeter Halleffinale stoung sech Stroossen a Bartreng géintiwwer. Déi éischt Partie hat Stroossen 3:0 gewonnen, och den zweete Match goung mat dësem Resultat op een Enn.

Bei den Dammen heescht d'Finale Mamer géint Walfer. Mamer gewënnt um Samschdeg 3:1 géint Stengefort a Walfer setzt sech mam nämmlechte Resultat géint Bartreng duerch.