3:1 hunn d'Damme vu Mamer déi éischt Finale vum Championnat géint Walfer gewonnen. Bei den Häre gewënnt Dikrech 3:2 zu Stroossen.

D'Finale bei den Häre war am Ufank ganz enk. 25:23 huet de Favorit Stroossen déi éischte Manche gewonnen. Am zweete Saz konnten déi Dikrecher awer reagéieren a sech mat 26:24 duerchsetzen. D'Sätz 3 a 4 waren dunn däitlech. Den 3. Saz gewënnt Stroossen 25:12, de 4. huet Dikrech du mat 25:11 fir sech entscheed. D'Decisioun ass am 5. Saz gefall an do setzt sech Dikrech dach e bëssen iwwerraschend mat 15:12 duerch.

Och bei den Damme war et eng relativ enk Partie. Den éischte Saz hat Mamer 25:20 gewonnen, den zweete Saz konnt du Walfer mat 25:23 fir sech entscheeden. D'Sätz 3 a 4 huet dunn awer nees Mamer gewonnen, dat op -18 an op -21. Um Enn also eng 3:1-Victoire fir Mamer.