An der 2. Finale bei den Hären konnt sech Stroossen mat 3:0 géint Dikrech duerchsetzen. Bei den Dammen wënnt Walfer 3:1 géint Mamer.

Bei den Hären konnt sech Stroossen ouni Problem mat 3:0 géint Dikrech behaapten. Esou steet elo 1:1 tëscht béid Equippen. D'nächst Woch dann déi 3. an entscheedend Partie.

Dikrech - Stroossen 0:3 (23:25, 21:25, 18:25)

Volleyball Hären
Victoire fir d'Stroossener Hären

An der 2. Finale vum Championat bei den Dammen konnt sech Walfer mat 3:1 géint Mamer duerchsetzen. Och hei steet et elo 1-1 an domat kënnt et d'nächst Woch zu enger decisiver 3. Finale.

Den éischte Saz hat Walfer 25:23 gewonnen, den zweete Saz konnt Mamer dunn awer mat 25:20 fir sech entscheeden. D'Sätz 3 a 4 huet dunn awer nees Walfer gewonn. Um Enn also eng 3:1-Victoire fir Walfer.

Walfer - Mamer 3:1 (25:23, 20:25, 25:21, 25:21)

D'Walfer Dammen schloen en Entschéedungsmätch eraus
Walfer klappt Mamer mat 3-1