Um Samschdeg den Owend huet Stroossen sech 3:0 géint Dikrech duerchgesat. Bei den Dammen huet Walfer sech den Titel geséchert.

An der Häre-Finale wor Dikrech besser an de Match erakomm. Stroossen huet awer net lassgelooss. Et wor spektakuläre Volleyball. Stroossen huet den éischte Saz knapp 25-23 gewonn.

Am zweete Saz huet Stroossen dominéiert. Et huet geschéngt, wéi wann Dikrech d’Spannung verluer hätt. Et wor däitlech manner schéine Volleyball wéi nach am éischte Saz. De Favorit Stroossen huet sech den zweete Saz och geholl, 25 op 18.

Och zum Schluss huet Stroossen dominéiert a sech verdéngt de Champions-Titel geséchert, mat enger 3-0 Victoire (25-19 am leschte Saz).

RTL
D'Strossener Häeren huelen den Doublé
Den VC Strossen gewënnt déi 3. Final am Volleyball an réaliséiert domadder den Doublé.

Bei den Dammen hat an der drëtter an domat decisiver Finale um Samschdeg den Owend Mamer Walfer op Besuch.
An der definitiver Final hat Walfer de besseren Ufank. Mamer wor net an der Partie an huet vill Punkte verschenkt. D’Walfer Dammen hu vun dëser Situatioun profitéiert an trotz engem risikoräiche Spill net vill Feeler gemaach. Walfer huet den éischte Saz verdéngt 25 op 17 gewonnen.

RTL

Am zweete Saz ass Mamer lues, awer sécher an de Match komm. De Match wor méi op der selwechter Aenhéicht, mä Mamer huet nach ëmmer net all ze gutt gespillt. Walfer huet och den zweete Saz fir sech kënnen entscheeden.

De Schluss wor ganz spannend. Walfer huet den éischte Matchball genotzt a sech knapp duerchgesat, mat 25-21.

RTL
D'Walfer Dammen sinn Volleyball Champion
D'Résidence Walfer gewënnt déi décisiv Final mat 3-0 géint Mamer an ass no 2011 eëm Champion.

An der Relegatioun bei den Dammen huet Dikrech e Sonnden 3-1 géint Iechternach gewonn. Iechternach fält doduerch aus der héckster Divisioun eraus.