Volleyball
Lëtzebuerger U20 wannen 3:0 géint Wales

Am Hären-Volleyball waren d’U20 e Freidegowend an der Coque fir hir 1. Partie vun der Europameeschterschaft an der Divisioun vun de klenge Länner am Asaz.
Mat engem kloren 3:0-Succès sinn d'Lëtzebuerger U20 Volleyball-Jongen an d'Europameeschterschaft vun der Small Countries Division gestart. Géint Wales setzen si sech mat 25:10, 25-20 a 25-9 duerch.
Um Samschdegowend spillen Lëtzebuerger géint Schottland, déi sech an hirem Match 3:2 géint Nordirland behaapt hunn.
U20 Volleyballhären gewanne geint Wales
Eis U20 Volleyballnationalequipe gewennt hieren 1.vun 3 Mätcher 3 - 0 geint Wales. Ziel vun der Equipe ass d'Goldmedaille.
Am meeschte gelies