An der 2. Partie vun der EM an der Divisioun vun de klenge Länner verléiert Lëtzebuerg 1:3 géint Schottland.

Déi éischt 2 Sätz ware ganz enk, ma d'FLVB-Formatioun verléiert mat 21:25 an 23:25. Am 3. Saz konnt een du reagéieren a sech däitlech mat 25:12 duerchsetzen. Am 4. Saz huet Schottland dunn awer nees mat 25:17 d'Iwwerhand behalen.

Am éischte Match konnt ee sech jo nach mat 3:0 géint Wales duerchsetzen.

Um Sonndeg spillt een dann am leschte Match géint Nordirland.