Duerch hir Victoire géint Wales am leschte Match hu sech d'Lëtzebuerger U19 Dammen d'Goldmedaile an der Europameeschterschaft vun de klenge Länner verdingt

Am 4. a leschte Match setze si sech kloer mat 25-1, 25-11 an 25-7 géint Wales duerch.

Nodeems d'Lëtzebuerger Volleyball U19-Meedercher den Optaktmatch 3:2 géint Schottland gewonnen haten, hu se e Freideg mat 3:1 géint San Marino gewonnen (17-25, 25-15, 25-23, 25-21).

Ma och géint Lichtenstein konnten d'U19-Meedercher sech mat 3:0 duerchsetzen.

An der 5. Kompetitioun zanter 2006 ass et de 4. Titel fir Lëtzebuerg.