Volleyball
Historesch Victoire fir d'Häre bei der EM-Qualifikatioun

© Marc Burelbach
En historesche Succés konnten Lëtzebuerger Volleyballhären e Freideg am Gymnase vun der Coque feieren.
Mat 3:0 (25:23, 25:21 a 25:23) konnte si sech fir déi éischte Kéier iwwerhaapt géint eng Equipe aus Litauen an der EM-Qualifikatioun duerchsetzen.
D'Spiller vum Burkhard Disch hunn no engem nervösem Ufank disziplinéiert un hirer Taktik festgehal a konnten an den 3 Sätz ëmmer zum Enn déi néideg Schëpp dropleeën, fir de Match fir sech ze decidéieren.
E Samschdeg den Owend kéint schonn eng Virentscheedung falen, ob Lëtzebuerg sech eventuell souguer fir den 2. Tour qualifizéire kann. Um 20.00 Auer spillen d'Rout Léiwe géint Moldawien.
Den Entrée ass fräi.
Am meeschte gelies