Nom formidabelen Exploit géint Litauen um Freideg zitt d'FLVB-Formatioun um Samschdeg mat 0:3 géint Moldawien de Kierzeren.

Am zweete Match vum éischten Tour an der EM-Qualifikatioun
am Härevolleyball hunn d‘ FLVB Häre am Gymnase vun der Coque mat 0-3 (18-25, 22-25, 13-25)  géint Moldawien de Kierzere gezunn.

Bis 12-12 konnt Lëtzebuerg den éischte Set equilibréiert gestalten. Dunn ass
Moldawien duerch hiren excellente Block awer fort gezunn an konnt de Saz mat
25-18 ofschléissen.

Am zweete Saz loung Lëtzebuerg scho mat 0-4 hannen, mä Arnaud Maroldt a Co konnten sech erëm eru kämpfen fir bäi 10-10 gläich ze zéien. De Gaascht konnt sech bäi 20-16  awer erëm mat 4 Punkten ofsetzen an um Enn de Saz mat 25-22 gewannen.

Am drëtte Saz war d‘ Loft bei de Letzebuerger raus a souwuel Prezisioun wéi och Konzentratioun konnten den Niveau net halen. Mat 25-13 geet och de leschte Saz vum Owend u Moldawien.

Et kann een awer festhalen datt Lëtzebuerg et fäerdeg bréngt géint
eng grouss gewuessen Equipe mat lauter Profien an engem Altersduerchschnëtt
vun ~28 (Lëtzebuerg ~23) zäitweis matzehalen a Volleyball op héchstem Niveau
ze spille.

Um Sonndeg ka Lëtzebuerg sech awer nach als beschten oder zweetbeschten
Zweete vun 3 Poolen fir den zweeten Tour qualifizéieren, dat wann si um 18:30
mat 3:0 oder 3:1 géint Israel sollte gewanne.