Am éischten Tour vun der EM-Qualifikatioun am Härevolleyball verléiert d'FLVB Selektioun um Sonndeg Owend den decisive Match géint Israel mat 0:3.

D'Resultat ass 21-25, 20-25, 14-25. Ouni hire Kapitän Ralf Lentz hunn d'Lëtzebuerger den éischte Saz ugefaangen a sech mat vill Drock um Service a vill Asaz de Public op seng Säit gezunn. Well Vosahlo, Ryhlicki an Zuidberg 4 Bäll an den Aus geschloen hunn loungen d'Gäscht aus Israel dann awer fréi mat 4 Punkten am Avantage (11-7). E staarke Block vun de Gäscht huet de Lëtzebuerger Trainer Burkhard Disch bei 8-14 zu sengem éischten Temps-morts gezwongen. Dee sollt awer nach net déi gewënschte Wierkung weisen. Och wann den Ecart de Moment net méi grouss ginn ass, hunn ze vill Feeler an der Attack verhënnert, datt d'Rout Léiwe méi no rukomm wieren. Eréischt beim Sazball fir Israel (24-17) an ënnert dem Impuls vum Arnaud Maroldt um Service huet Lëtzebuerg sech vun der beschter Säit gewisen a nach 4 Punkte guttgemaach. Et sollt awer net méi duergoen an den éischte Saz gëtt mat 25-21 un Israel.

Am zweete Saz hunn d'Spiller aus Israel de Frantz Vosahlo an d'Viséier geholl an hie mat vill Drock aus dem Rhythmus bruecht. Beim Spiller vun TV Bühl (2t Equipe) ass guer näischt méi zesumme gelaf an esou koum et, datt Lëtzebuerg bei 1-5 schonn huet missten en Temps-morts huelen, fir sech nei ze organiséieren. Mam Chris Zuidberg huet de Lëtzebuerger Passeur dee Spiller fonnt, dee wuel an deem Moment am Beschten drop war, an esou hunn d'Rout Léiwe lues a lues Punkte guttgemaach. An de wichtege Phasen hunn d'Israeli ronderëm hir dräi Profien aus den héchsten Divisiounen a Frankräich an Däitschland awer d'Nerve behalen an de Saz mat 25-20 ofgeschloss.

Den drëtte Saz war fir d'Gäscht just nach eng Formsaach. Bei Lëtzebuerg war d'Loft raus a vill ze vill unforced Errors hunn d'Lëtzebuerger Moral erofgezunn. Beim zweeten techneschen Temps-morts war de Retard schonn op 8 Punkten, zu Gonschte vun Israel, gewuess (8-16). Israel huet de Match geréiert an den drëtte Saz kloer mat 25-14 decidéiert.

Fazit vum Tournoi: E formidabelen Exploit um Freideg géint Litauen (3:0) an all Kéiers zwee méi wéi anstänneg Sätz géint déi zwou Profisequippen aus Moldawien (18-25, 22-25) an Israel (21-25, 20-25). Fir op dësem Niveau matzespillen huet Lëtzebuerg Potential, awer d'Konstanz an d'Präzisioun feelen nach. Et dierf een awer och net vergiessen, datt kuerz virum Tournoi mam Tim Laevert e wichtege Spiller verletzungsbedéngt ausgefall ass.

VIDEO: EM Quali am Volleyball
Dei 2.Partie vun der EM Qualifikatioun am Volleyball verleiert Letzbuerg 0 - 3 geint Moldawien.