Um Freideg den Owend konnten d' Responsable vun de 16 Veräiner den Éierewäin genéissen.

No enger kuerzer Aleedung vum Martine Dimmer, Presidentin vum Volleyball Amber-Lënster ass de Federatiounspresident Guy Erpelding op verschidde Sujeten agaang. Mam internationale Volleyballcamp am Juli start dat éischt Evenement am Kader vum Luxembourg Volleyball Development Center...De President bedauert, datt d'Federatioun et net fäerdeg bréngt, d'Volleyballsfamill bäi hiren Eventer zesummenzebréngen...Ennert anerem den CEV Tournoi ass d' Ursach vun engem zolitten
Defizit vu gutt 100.000€. Ma duerch d' Reserven, déi an der Vergangenhet ugeluecht goufen, kann en dëst Lach dëst Saison nach opfänken. Esou goufen d' Konten dann och unanime vun de Veräiner ugeholl.

Bei anere Punkten waren Veräinsvertrieder dann awer gedeelter Meenung. Zum Beispill gouf Upassung vum Punktesystem un den internationale Modus  mat 9 Jo, 5 Nee an 2 Enthalunge guttgeheescht. Mat 9 Neestëmme bei 7 mol Jo gouf   d' Propose en Artikel ze sträichen, dee seet, datt  Nationaltrainer keng Veräinsekippe mat equivalente Spiller dierfen trainéire verworf. D' FLVB huet an dem Kontext och ugekënnegt, ab der Saison 2015/2016 méi streng ze kontrolléiren.

Fir méi Diskussioun huet d' Grille vum Championnat gesuergt, well munch Veräiner fannen, datt d' Saison ze kuerz ass, an d'Nationalequippen ze vill Zäit ageraumt kréien. Um Enn gouf de Spillplang awer mat 2 Nee, 2 Enthalungen an 12 Jostëmmen ugeholl. Frou ass de Guy Erpelding datt d' Equipe vum CA konnt erweidert ginn...

D' Generalsekretärin Chantal Schomer gouf fir weider 4 Joer zeréckgewielt.