Trainer vun der Härennationalequipe hält op

© pressphoto.rtl.lu / Roland Miny
Volleyballnationalequippe kritt en neien Trainer. De Burkhard Disch zitt sech als Nationaltrainer zeréck. Nofolger gëtt den Dieter Scholl.
Dem Burkhard Disch leit nach ëmmer vill um lëtzebuerger Volleyball. An de läschte Joere war den Däitsche mam Poste vum Directeur Technique an dem vum Nationaltrainer berufflech staark agebonnen. D'Aufgabe sinn ob béide Säiten ëmmer weider gewuess, an um Enn war dat einfach ze vill, sou de Burkhard Disch.
Duerch de Schnëtt an déi vill Projeten, déi an de leschte Joren dobäi kommen, ass hien zur Konklusioun komm, datt et besser wier, den Trainerposten duerch eng aner, vertrauensvoll Persoun ze ersetzen. Doduerch kéint ee sech um Niveau vun der Professionalitéit vun den Equippe weider entwécklen, sou den Ex-Nationalträiner.
Eng Decisioun déi dem Burkhard Disch no 10 Joer net einfach gefall ass. Fir hien geet elo eng 10 Joer laang Phase, déi ganz schéi war an hien all Dag genoss huet, eriwwer. Nëmme mat ganz schwéierem Häerz trëtt hei vun der Linn zeréck, sou den Disch weider. Grad, well een dëst Joer nach ganz erfollegräiche Volleyball gespillt huet.
Während de läschte Joeren huet de Burkhard Disch de Volleyball souwuel zu Lëtzebuerg wei och International wäit no fir bruecht. Bis 2020 soll de Volleyball zu Lëtzebuerg elo nach weider professionaliséiert an an Europa nach weider no fir bruecht ginn. Fir de Burkhard Disch ass säin Nofolger, den Dieter Scholl, den ideale Mann fir dee Posten.
Dës Entscheedung ass während der Saison, duerch d'Zesummenaarbecht mam Dieter Scholl, ëmmer méi konkret ginn. Vun der Fachkompetenz an och vum Féierungsstil ass een fir déi nächste Jore ganz gutt opgestallt, seet den Direkteur Technique.
Fir de lëtzebuerger Volleyball schéngt et also eng gutt Decisioun ze sinn, dass de Burkhard Disch sech ob de Poste vum Directeur Technique konzentréiert an den Dieter Scholl elo Nationaltrainer ass. Also Co-Trainer kënnt de Ranguel Krivov an d'Trainerteam vun den Hären. Bis elo war de fréiere bulgareschen Profispiller, ee vun den Assistent-Coachen bei den FLVB-Dammen, an Juniorinnennationaltrainer.
Nom Récktrëtt vum Burkhard Disch iwwerhëlt säi Co-Trainer den Dieter Scholl de Poste vum Nationaltrainer bei den Hären am Volleyball. E Mann, deen sech gutt am Lëtzebuerger Volleyballsport auskennt.