Wéi Lion Cycling Luxembourg um Dënschdeg de Moie matdeelt, huet den däitsche Profi Linus Gerdemann fir d'Saisonen 2015 an 2016 bei CULT ënnerschriwwen.

Hie soll ee vun de Leadere beim Continental-Team ginn. De Gerdemann huet ënnert anerem Etappen beim Tour de France gewonnen, beim Tour de Suisse an 2011 huet en den Tour de Luxembourg gewonnen.

An den nächsten Deeg solle weider Nimm vun der Equipe bekannt ginn.