Bei den Hären gëtt et um zweete Spilldag am Volleyball eng däitlech 3:0-Victoire vu Stroossen. Bei den Dammen wanne Walfer a Mamer och kloer.

Bei den Häre ka Stroossen sech mat 25-16, 25-16, 25-12 duerchsetzen.
Och Bartreng huet 3:0 gewonn, an zwar géint Fenteng (25-21, 25-16, 25-17). Luerenzweiler wënnt géint Péiteng, mat 3:1 (16-25, 25-21, 25-17, 25-21). Dikrech setzt sech géint Walfer duerch mat 3:2.

Bei den Dammen verléiert Dikrech doheem 0:3 géint Walfer (16-25, 16-25, 19-25). Mamer huet sech och däitlech duerchgesat, mat 3:0 (25-21, 25-23, 25-23). Bartreng wor bei der Gym op Besuch an huet do 0:3 verluer (11-25, 21-25, 24-26). An der leschter Partie vum Owend heescht de Gewënner Stroossen. Si wannen 3-1 géint Stengefort (29-31, 25-17, 25-15, 25-23).