Am Europäeschen Challenge Cup hunn d'Volleyballhäre vu Stroossen den Allez an Éisträich mat 3:2 géint Hartberg gewonn.

Déi éischt zwee Sätz gounge mat 27-25 a 25-18 un d'Lëtzebuerger. Mat 30-32 an 23-25 hunn d'Éisträicher ausgeglach.

Am decisive fënnefte Saz huet den Doublésgewënner näischt méi ubrenne gelooss a mat 15-11 ofgeschloss.

De Retour gëtt den 19. November um 19.30 Auer zu Stroossen gespillt.

An der däitscher Coupe huet de VC Wiesbaden, de Veräin vum Annalena Mach, mat 2:3 zu Stuttgart verluer.