Um 3. Spilldag an der éischter däitscher Volleyball-Bundesliga huet de VC Wiesbaden doheem géint Oochen 3:1 gewonn.

An der éischter däitscher Bundesliga am Dammevolleyball  huet d'Annalena Mach mat hirem Veräin VC Wiesbaden doheem mat 3:1 (25:22, 25:14, 23:25, 25:22) géint Oochen gewonn.

D'Lëtzebuerger Nationalspillerin koum an allen 4 Sätz zum Asaz a konnt am Ganzen 6 Punkte markéieren. Mam Maximum vu 9 Punkten aus 3 Matcher féiert de VC Wiesbaden den Ament d'Tabell un.