Am Challenge Cup trieden d'Walfer Damme géint Mulhouse un

Am Volleyball spillen um Dënschdegowend d'Dammen vu Walfer den Allers Match am Challenge Cup géint de grousse Favorit vun Mulhouse.
Schonns lescht d'Joer hat ee géint d'Profisequipe aus Frankräich keng Chance.
D'Lescht Saison konnten d'Walfer Dammen sech an der éischter Ronn géint Famagusta duerchsetzen, fir dunn am zweeten Tour géint d'Mulhouse un d'Grenzen ze stoussen.
Am Championnat huet d'Equipe vum Trainer Serge Karier bis ewell nach kee Saz verluer an dat soll Confiance gi fir déi schwéier Aufgab vun en Dënschdeg den Owend.
Serge Karier: D'Objektiver si bëssen den Elan vum Championnat a vun der Coupe einfach matzehuelen. D'Coupe d'Europe soll ëmmer déi Kiischt um Kuch sinn, an elo probéiere mer dann sou laang wéi méiglech vun där Kiischt ze profitéieren.
Op Säite vum franséischen Géigner gëtt et e wichtegen Ënnerscheed par Rapport zu leschter Saison.
Serge Karier: Mir hu jo och probéiert alt deen een oder anere Video vu Mulhouse eis ze besuergen. Mer sinn der Meenung, datt se effektiv net méi déi erausragend Spillerin hunn. De Kollektiv ass nach ëmmer extrem staark. Hire Libero ass méi grouss, wéi meng gréisst Spillerin. Fir de Recht ass et awer méi eng Equipe, déi mer wäerte virun eis stoen hunn, wou ee vläicht och am taktesche Beräich dat eent oder anert kann ëmsetzen, wat mer d'lescht Joer net konnte man, well d'Amerikanerin war einfach an alle Belangen iwwert eise Meedercher.
Virun allem an der Gréisst sinn d'Lëtzebuergerinnen ënnerleeën.
Mam richtegen Kampfgeescht soll dat awer sou gutt wei et geet kompenséiert ginn, well wann de Géigner vun Mulhouse bis un d'Rullen kennt da gëtt et ganz sauer, sou de Serge Karier.
Um 19h30 en Dënschdeg den Owend geet et lass zu Walfer an der Hal, allerdéngs an deeër vum Basket, wou dann nach däitlech méi Plaz ass wéi an der aler Hal vum Championnat.
De Retourmatch ass iwwregens den 26. November.