Walfer Damme verléiere mat 1:3 géint Mulhouse
Mat 1:3 verléieren déi Walfer Damme den Allersmatch am Challenge Cup viru 650 Spectateuren am Centre Prince Henri géint déi favoriséiert Damme vu Mulhouse.
Trotz der Néierlag sinn d' Spillerinne ronderëm d'Nathalie Braas awer zefridde mat dem Resultat.Nathalie Braas: Ech menge mir kënne super zefridde sinn mat deem heite Match. Mir hunn e Saz géint eng Profisequippe gewonnen, di wierklech fir de Volleyball bezuelt ginn.Fir eis ass dat Spaass a fräiwëlleg an et war einfach e mega Gefill géint esou eng Equippe e Saz ze huelen.
Et sollt direkt den éischte Saz sinn den d'Heemequipe fir sech decidéiere konnt. Mat extrem vill Risiko um Service an enger grousser kämpferescher Leeschtung hu si géint déi groussgewuesse Spillerinne matgehal, sech géint der Enn vum Saz an e richtege Rausch gespillt a souguer mam Block gepunkt.
Och d'Trainerin vu Mulhouse huet missen d'Iwwerleeënheet vu Walfer unerkennen.
Magali Magail: Tout simplement l'équipe de Walfer a servi en prenant le risque max, et elles avaient une réussite insolante, voilà nous on était en dessous de tout. On a pour principe de respecter chacun de nos adversaires, non c'est pas qu'on ne les a pas respecter c'est que tout simplement elles ont été plus fortes que nous sur un set.
Nom 25-20 fir d'Heemequippe war d'Loft aus dem Walfer Spill awer raus an de Rescht vum Match war just nach eng Formsaach.
Nathalie Braas: Oh ech mengen duerno hunn si e bëssi méi Drock um Service opgebaut, mir kruten d' Receps net méi richteg gehal a konnten doduerch och an der Attack net méi souvill Drock maache.
Mat 16-25 geet den zweete Saz u Mulhouse. Am drëtte Set hunn d'Gäscht richteg opgedréit an op Walfer Säit hu sech dann och ëmmer méi Feeler ageschlach. Zu dem Ament war de Risiko einfach ze héich.
Nathalie Braas: Ech mengen a sou enger Situatioun muss en och einfach Risiko goe kann e bäi sou enger Equippe keng einfach Bäll eriwwerginn well soss huet en se direkt op der Nues sëtzen.
Nom 10-25 fir Mulhouse hate sech di Walfer virgeholl nach emol unzerappen, ma méi wéi 12 Punkte sollten och am véierte Saz net eraussprange.
An awer eng respektabel Leeschtung vun de Lëtzebuergerinnen an et dierf ee gespaant sinn, op si des am Retour de 26. November nach emol ofruffe kënnen.