Walfer wënnt 3:0 géint Mamer

Am Dammevolleyball behaapt d'Gym sech um Samschdeg Owend mat 3:0 géint Stroossen. Walfer behaapt sech 3:0 géint Mamer a Péiteng wënnt 3:0 géint Stengefort.
Bei den Hären stoungen um Samschdeg 3 Matcher um Programm. Péiteng huet sech 3:0 géint Bouneweg duerchgesat a Stroosse wënnt 3:0 géint Fenteng. Dikrech huet 3:1 géint Bartreng gewonn.
De Match Walfer-Luerenzweiler ass wéinst Retard vum zweeten Arbitter méi spéit ugepaff ginn. Hei konnt sech Walfer mat 3-0 behaapten.
An der éischter däitscher Bundesliga am Dammevolleyball huet den VC Wiesbaden 1:3 géint de Favorit SC Dresden verluer. D'Lëtzebuergerin Annalena Mach koum bäi desem Match net zum Asaz. Si huet sech lescht Woch e "Kreuzbandanriss" zougezunn a muss elo ca 2 Méint aussetzen.