Déi zwee Tabellenéischt Stroossen an Dikrech marschéiere weider virop. Bartreng wënnt kloer mat 3:0 géint Fenteng.

Den Tabelleleader Stroossen gewënnt 3:1 zu Bouneweg. Déi Bouneweger waarden nom 9. Spilldag nach ëmmer op déi éischt Victoire.

Dräi Punkten hannert Stroossen bleiwen déi Dikrecher, déi sech 3:0 zu Walfer duerchsetzen. Am drëtte Match vum Owend klappt Luerenzweiler Péiteng mat 3:1.

An enger Nodrospartie bei den Hären wënnt Walfer um Sonndeg 3:2 géint Luerenzweiler.

Bei den Dammen goufen et dräi däitlech 3:0-Victoiren an dat fir Walfer géint Dikrech, Mamer géint Péiteng a Stroossen zu Stengefort. E Sonndeg verléiert Bartreng 0:3 géint d'Gym.

VIDEO: Walfer - Dikkrech 0-3
Déi Dikkrecher Hären bleiwen u Stroossen drun