Volleyball/Coupe de Luxembourg
Dikrech a Bartreng lescht Halleffinallisten

D'Halleffinallen an der Coupe de Luxembourg si komplett. Och um Sonndeg setze sech d'Favoritten ouni gréisser Problemer duerch.
Bartreng mecht mat Fenteng beim 3-0 (20,15,10) kuerze Prozess. De CHEV Dikrech deet sech beim 3:1-Succès just am éischte Saz géint Luerentzweiler schwéier.
Schonns e Samsdeg hat Stroossen 3-1 géint Esch (+4) a Walfer 3-0 géint Péiteng gewonn.
An de 1/4-Finallen bei den Dammen konnt sech d'Gym Bouneweg ouni Problemer mat 3-0 géint Péiteng behaapten.
Wolz verléiert 0-3 géint Dikrech, Walfer klappt Stengefort 3-0 a Mamer wënnt 3-1 géint Stroossen.
Am meeschte gelies