Am Retourmatch vun der 1/16-Finale am europäeschen Challenge Cup huet sech de VC Stroossen misse mat 1:3 géint d'Bosnier vu Brcko geschloe ginn.

Wann een dem Trainer seng Consignë méi konstant ëmgesat hätt, wier méi dra gewiecht, sou de Stroossener Libero Olivier de Castro.

Nom 0:3 am Aller-Match ass Stroossen deemno aus dem Challenge Cup eliminéiert.

VIDEO: Coupemätcher am Basket an den Out vu Stroossen am Volleyball
An der Basketcoupe stin Konter an d'Etzella an der nächster Ronn während et fir dei Stroossener am Volleyball den "out" am Challenge - Cup ass.