Um éischten Dag vum Novotel-Cup an der Coque hunn d'Volleyball-Hären den Optaktmatch géint Schwäiz mat 3:0 dominéiert. Um Freideg: Norwegen-Island 3:0.

An de Sätz hunn d'Lëtzebuerger sech mat 25-22, 25-21 a 25-18 géint d'Schwäiz behaapt an hunn domat vill Confiance fir déi nächst Deeg getankt.

Um Freideg spillen d'Hären um 20 Auer géint Island. Déi hunn um Freideg de Moien 0:3 géint Norwegen verluer.

Virdrun ass et den éischte Match vun den Dammen um 17:30 géint de Favorit Dänemark.

Den Tournoi dauert nach bis e Sonndeg.

All d'Matcher mat Lëtzebuerger Bedeelegung kënnt Dir am Livestream op RTL.lu an iwwert d'App kucken.

De Programm vun de Streamen live aus der Coque:

1.1.2015 Hären Lëtzebuerg - Schwäiz um 19 Auer

2.1.2015 Dammen Lëtzebuerg - Dänemark U19 um 17.30 Auer an Hären Lëtzebuerg - Norwegen um 20 Auer

3.1.2015 Dammen Lëtzebuerg - Lichtenstein um 17.30 Auer an Hären Lëtzebuerg - Norwegen um 20 Auer

4.1.2015 Dammen Lëtzebuerg géint Island um 17.30 an Hären Lëtzebuerg - Dänemark um 20. Auer

AUDIO: Volleyball: Dammen um Novotel-Cup - Rep. Jeff Kettenmeyer
AUDIO: Volleyball: Hären um Novotel-Cup - Rep. Jeff Kettenmeyer