Zweet Victoire fir d'Hären, éischt Defaite fir d'Dammen
D'Häre klappen Island um Freideg den Owend mat 3:0 an d'Damme musse sech géint de Favorit Dänemark mat 1:3 geschloe ginn.
Am Härematch gouf et déi zweet kloer Victoire hannertenee fir Lëtzebuerg. Géint Island setzen d'Häre sech an 3 Sätz duerch.
D'rout Léiwen hu staark ugefaang a gewisen, datt si onbedéngt um Freideg den Owend als Gewënner vum Terrain wollte goen.
Mat 25:21 gewanne Ralf Lentz a Co den éischte Saz. Den zweete war scho méi serréiert a Lëtzebuerg ass laang engem Réckstand vun 2 Punkten hannendrugelaf. Eréischt bäi 17:17 konnten si d'Gäscht erëmhuelen an hunn du vum Schwong profitéiert, fir mat 25:18 duerchzezéien. Am dëtte Saz war et dunn eng kleng Lektioun fir d'Islänner ginn. D'Lëtzebuerger hate ganzer 11 Matchbäll an hu sech de Luxus erlaabt, der nach 3 ofzeginn, éier de Kamil Rychlicki mat enger spektakulärer Attack zum 25:16 ofgeschloss huet.
Defaite fir d'Dammen no Féierung am Ufank
An hirem éischte Match um Véiernatiounentournoi an der Coque hunn d'Lëtzebuerger Volleyballdammen um Freideg mat 1:3 géint de Favorit Dänemark verluer.
Wor et am éischte Saz mat 25:14 nach eng kloer Affär fir d'FLVB-Dammen, sou konnte si am zweete Saz en 10 Punktevirsprong net notzen an hunn de Géigner mat 25-27 opgebaut. Och am drëtten a véierte Saz wor et ganz spannend mam besseren Enn fir d'Däninnen (2 Mol 21:25).
Um Samschdeg spillen d'Lëtzebuergerinnen um 17.30 Auer géint Liechtenstein.
RTL streamt d'Matcher vun de Lëtzebuerger Dammen an Hären. Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vum Novotel-Cup, datt den Tournoi iwwer 4 Deeg geet. De Programm vun de Streamen, zur Verfügung gestallt vun "Netzwierk", aus der Coque:
Donneschdeg, 1.1.2015: Hären Lëtzebuerg - Schwäiz um 19 Auer
Freideg, 2.1.2015: Dammen Lëtzebuerg - Dänemark U19 um 17.30 Auer an Hären Lëtzebuerg - Norwegen um 20 Auer
Samschdeg, 3.1.2015: Dammen Lëtzebuerg - Lichtenstein um 17.30 Auer an Hären Lëtzebuerg - Norwegen um 20 Auer
Sonndeg, 4.1.2015: Dammen Lëtzebuerg géint Island um 17.30 an Hären Lëtzebuerg - Dänemark um 20. Auer