Lëtzebuerger Häre spillen ëm den Titel, Dammen ëm Plaz 2
Um Samschdeg den Owend konnte béid FLVB-Selectioune Victoirë feieren: D'Damme géint Liechtenstein an d'Häre géint Norwegen.
Am Match géint Liechtenstein hu sech d'Lëtzebuerger Damme gutt erholl gewise vun hirer Defaite géint Dänemark um Freideg den Owend an déi éischt zwee Sätz kloer dominéiert. Am drëtten hu si de Géigner ze vill Punkte geschenkt an esou konnten d'Gäscht verkierzen. Am véierte Saz woren d'Lëtzebuerger scho mat 15-10 am Avantage, éier Liechtenstein nach emol ausgläiche konnt. D'Heemequipe huet awer d'Rou behalen an de Match um Enn mat 3:1 gewonn (25-17, 25-21, 21-25, 25-23).
Den Härematch wor näischt fir schwaach Nerven. 0:2 loungen d'Lëtzebuerger hannen, éier Kamil Rychlicki a Co gewisen hunn, zu wat si am Stand sinn, wa si hir Topleeschtung ofruffen. Si hunn déi 3 nächst Sätz regelrecht dominéiert a verdéngt 3:2 gewonn: 20-25, 23-25, 25-16, 25-12, 15-12.
Domat sinn d'Häre bis ewell nach ongeschloe an spillen um Sonndeg ëm 20 Auer géint Dänemark ëm den Titel.
Bäi den Damme geet et um Sonndeg ëm 17.30 Auer géint Island ëm déi zweete Plaz.
RTL streamt d'Matcher vun de Lëtzebuerger Dammen an Hären. Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vum Novotel-Cup, datt den Tournoi iwwer 4 Deeg geet. De Programm vun de Streamen, zur Verfügung gestallt vun "Netzwierk", aus der Coque:
Donneschdeg, 1.1.2015: Hären Lëtzebuerg - Schwäiz um 19 Auer
Freideg, 2.1.2015: Dammen Lëtzebuerg - Dänemark U19 um 17.30 Auer an Hären Lëtzebuerg - Norwegen um 20 Auer
Samschdeg, 3.1.2015: Dammen Lëtzebuerg - Lichtenstein um 17.30 Auer an Hären Lëtzebuerg - Norwegen um 20 Auer
Sonndeg, 4.1.2015: Dammen Lëtzebuerg géint Island um 17.30 an Hären Lëtzebuerg - Dänemark um 20. Auer