Lëtzebuerger Dammen an Hären op Plaz 2
D'Damme kënne sech um Sonndeg 3:2 géint Island behaapten, d'Häre verléieren dogéint 2:3 géint Dänemark. Domat ginn d'FLVB-Formatiounen allebéid Zweeten.
An engem un Dramatik kaum ze iwwerbiddende Match hunn d'Lëtzebuerger Volleyball-Damme mat 3:2 géint Island gewonn.
Schonn déi éischt zwee Sätz si knapps ausgaang - mat 23:25 an 20:25 haten d'Gäscht awer d'Chance nach op hirer Säit. Dono sinn d'Lëtzebuerger ëmmer besser an de Match komm a mat der Ënnerstëtzung vun de wäit iwwer 1000 Spectateuren hu si sech an e Rausch gespillt.
Si si mat engem souveräne 25:18 zeréckkomm. Am véierte Saz hu si mat 25:22 nogeluecht an u sech wor kloer, datt een och den decisive fënnefte Saz géing gewannen.
Um Enn wor et dann awer nach knapps, mä Lëtzebuerg huet mat 15:13 de Saz ofgeschloss a kënnt am Novotel-Cup op déi zweete Plaz, no enger Defaite géint Dänemark an zwou Victoirë géint Liechtenstein a géint Dänemark.
Och fir d'Hären: 5 Sätz an 2. Plaz
Nodeems d'Dammen de Publikum am Gymnase mat hirer 3:2-Victoire begeeschtert haten, wollten d' FLVB-Hären deem an näischt nostoen. Géint Dänemark hu si schonn am éischte Saz gewisen, datt si am europäesche Mëttelfeld ukomm sinn, a mat 25:23 gewonn. Genee sou knapps goung den zweete Saz un d'Gäscht: 25:27.
Dono war d'Loft bäi de Lëtzebuerger e bëssi raus a si konnten den Tempo net méi matgoen an hunn och den drëtte Saz misste mat 20:25 ofginn. Am véierte Saz hunn d'Jonge vum Dieter Scholl sech nach emol gerappt a souverän mat 25-20 gewonnen. Deemno gouf et och hei en Tiebreak.
An dësem war d'FLVB-Selektioun scho fréi a Réckstand geroden a konnt déi 3 Punkten net méi gutt man. Si verléieren an engem spannende Match mat 2:3 a schléisse wéi schonn déi lescht 5 Joer och de Novotel-Cup 2015 mat enger 2. Plaz of.
Bei den Häre ware 5 Equippen derbäi: Lëtzebuerg, d'Schwäiz, Norwegen, Island an Dänemark.
Bei den Damme waren et der 4: Lëtzebuerg, Dänemark, Liechtenstein an Island.