Glat a guer keng Spannung um 12. Spilldag, wou et nët manner wéi véier 3:0-Victoire gëtt. Am Dammechampionnat dominéieren d'Auswäertsequippen.

Um Sonndeg stounge bei den Hären nach zwou Partie vum 12. Spilldag um Programm. Dobäi ass et zwee Mol eng däitlech Affaire fir d'Auswäertsequippe ginn an dat fir Walfer zu Bouneweg an Dikrech zu Fenteng.

E Samschdeg schonns hate Bartreng a Stroossen doheem kloer mat 3:0 géint Luerenzweiler respektiv Péiteng gewonnen.

An der Tabell läit Stroosse weiderhin virop an dat mat zwee Punkten Avance op Dikrech.

Bei den Dammen klappt den Tabellenéischten Walfer Stengefort mat 3:0. Den Zweete Mamer léisst beim 3:0 näischt zu Bartreng ubrennen.

Zwou weider kloer Auswäertsvictoire gëtt et fir Dikrech bei der Gym a fir Péiteng zu Stroossen.