Volleyball-Coupe
D'Finale bei den Dammen um Samschden heescht Walfer-Mamer

Am "Final Four" vun der Coupe am Volleyball setze sech d'Favoritten an den Halleffinalle bei de Volleyball-Dammen duerch.
An der éischter Partie war Walfer der Gym an 3 Sätz iwwerleeën an och Mamer konnt sech géint Dikrech behaapten.
D'Finale um Samschden heescht also Walfer-Mamer.
E Freiden den Owend sinn et d'Halleffinalle bei den Hären an do spillen um 18.30 Auer Bartreng géint Stroossen an um 20.30 Auer Dikrech géint Walfer.
Am meeschte gelies