Härevolleyball Coupe
D'Finale heescht Dikrech-Stroossen

E Freideg war de Final Four zu Stroossen, also d’Halleffinallen. D’Favoritten hu sech all Kéiers an 3 Sätz duerchgesat.
Stroossen huet 3:0 géint Bartreng gewonnen an Dikrech huet Walfer 3:0 geklappt.
E Samschdeg den Owend um 17.00 Auer ass d’Finale, Dikrech géint Stroossen.
Um 19.30 Auer spillen d’Dammen d’Finale, an zwar Walfer géint Mamer.
VIDEO: Volleyball Coupe Final Four
An der éischter Partie war Walfer der Gym an 3 Sätz iwwerleeën an och Mamer konnt sech géint Dikrech behaapten. D'Finale heescht also Walfer-Mamer.
Am meeschte gelies