Stroossen a Walfer nei Coupegewënner

Zwou komplett verschidden Coupefinallen am Volleyball. Während Stroossen mat Dikrech keng Problemer huet, muss Walfer géint Mamer iwwert déi voll Distanz.
Déi Stroossener ëm de Ralf Lentz hunn an der Finall vun Ufank u kloer gemeet, ween de Favorit ass, an sech den éischte Saz mat 25:19 geséchert. Och dono ass et just an eng Richtung gaangen.
Nom däitlechen 25:15 fir Stroossen am zweete Saz war d'Finall schonns quasi entscheet. Am drëtte Saz sollt och keng wierklech Reaktioun vun Dikrech kommen an nom 25:19 war déi zéngte Stroossener Victoire an der Coupe perfekt.
Ee ganzt aner Bild gouf et an der Dammefinall wou Walfer a Mamer sech ee spannend Duell op Aenhéicht geliwwert hunn an iwwert déi voll Distanz gaange sinn.
No fënnef turbulenten an ofwiesslungsräiche Sätz haten déi favoriséiert Walfer Dammen dat bessert Enn op hirer Säit a setze sech schlussendlech mat 3:2 (-17, -18, 12, 21, ) géint couragéiert Mamer Spillerinnen duerch. Fir d'Betty Hoffmann a Co. ass et domadder déi zweete Coupe an der Veräinsgeschicht.
Eng bësse méi speziell Anekdot um Rand:
An Zukunft wäert et all Joer wiesselen wéi eng Finall (Dammen/Hären) fir d'éischt am Dag gespillt gëtt.
D'Federatioun huet déi Entscheedung esou erkläert, dass op déi Manéier ofwiesselnd d'Gewënnerequipe bei den Dammen oder Hären no der Victoire dierf mat Schampes feieren. Bis elo duerften d'Dammen, déi ëmmer als éischt gespillt hunn, ni mat Schampes um Terrain sprëtzen well direkt dono den Härematch war.