No der Härefinale ass och d'Dammefinale komplett. Mamer setzt sech an engem ganz spannende Match mat 3:2 géint d'Gym duerch. An der Finale waart Walfer.

Am eenzegen Duell an der Halleffinale deen iwwert dräi Partien huet misse goen, hat den Entscheedungsmatch et an sech. Mamer an d'Gym sinn déi ganz Distanz gaangen, woubäi Mamer am fënnefte Saz beim 3:2-Succès (-14, 23, -16, 22, 10) dat bessert Enn op senger Säit hat.

An der Finale trëfft Mamer elo op déi Walfer Dammen, déi Dikrech an zwee Matcher keng Chance gelooss hunn.

Am Härechampionnat heescht d'Finale Dikrech géint Stroossen.

Am Ofstigsgrupp bei de Fraen waren um Sonndeg och nach zwou Partien. Péiteng klappt Stroossen mat 3:2 a Stengefort behält beim 3:0 d'Iwwerhand iwwer Bartréng.