An enger ganz spannender Partie ka Stroosse sech knapp géint Dikrech behaapten wënnt domat déi éischt Finale.

Am Härevolleyball huet Walfer sech am Spill ëm déi drëtt Plaz mat 3:0 géint Bartreng behaapt.

An der éischter Finale gouf et eng ganz spannend Partie tëscht Stroossen an Dikrech. Stroossen verléiert zwar den éischte Saz 19-25, wënnt dann awer verdéngt 25-18, 25-17 a ganz knapp 31-29.

Um 4. Spilldag vum Play down bei den Häre ka sech Luerenzweiler mat 3:1 géint Bouneweg duerchsetzen.

RTL

Bei den Dammen gëtt et e klore Succès fir Walfer. D'Damme vu Walfer behaapten sech an der éischter Finale däitlech 3:0 géint Mamer. Am Playdown klappt Stengefort Stroossen mat 3-1. De Freideg hat Péiteng schonn mat 3-2 zu Bartreng gewonn.

An der éischter däitscher Bundesliga am Dammevolleyball ass d' Anna-Lena Mach mat hirem Veräin VC Wiesbaden e Schrëtt méi no un der Halleffinall. An der Véirelsfinall setzt sech Wiesbaden kloer mat 3:0 géint Potsdam duerch.

RTL
RTL
VIDEO: Stroossen gewennt géint Dikkrech
Den aktuelle Champion Stroossen behapt sech am 1.Mätch em de Championstittel géint Dikkrech.