Championstitel fir d'Häre vu Stroossen
Am Volleyball hunn d'Damme vu Walfer sech op en Neits däitlech géint Mamer behaapt. Bei den Häre geet de Championstitel u Stroossen.
An der zweeter Finale huet Walfer sech, wéi och an der éischter Final schonn, an 3 Sätz géint Mamer behaapt. Walfer wor vun Ufank u méi sécher vu sech a Mamer huet méi Feeler gemaach. D'Walfer Dammen setze sech verdéngt 25-19, 25-17 a 25-16 duerch.
An der Relegatioun bei den Dammen wënnt Stroossen 3:1 géint Bartreng.
Bei den Hären geet den Titel u Stroossen. D'Partie huet mat engem extrem knappen éischte Saz ugefaang, wou Stroossen sech awer konnt esou just 26 op 24 duerchsetzen. Am zweete Saz huet Stroossen sech awer eng komfortabel Avance ausgebaut an de Saz op 5 Punkte gewonn. De leschte Saz wor nach eng éier ganz spannend, mä Stroosse wënnt schlussendlech 25 op 23.