Annalena Mach a Wiesbaden eliminéiert

Den Dram vun der Finall ass fir d'Annalena Mach an den VC Wiesbaden ausgedreemt. D'Lëtzebuergerin an hir Equipe zéie géint Dresden de Kierzeren.
An der Halleffinall vun der däitscher Volleyball-Bundesliga verléiert den VC Wiesbaden deen drëtten an entscheedende Match mat 0:3 (23,22,17) géint den Dresdner SC.
D'Annalena Mach an hir Equipe hu géint den aktuelle Champion sécherlech net enttäuscht, schlussendlech war Dresden awer eng Grëtz ze staark. Fir Wiesbaden war alleng d'Erreeche vun der decisiver Partie een Exploit.
Domat kënnt Wiesbaden, wéi och schonn an deene zwou Saisone virdru op déi drëtte Plaz am Championnat. Fir déi 19 Joer jonk Annalena Mach war et déi éischt Saison op héchstem Niveau an Däitschland an, esou wéi et ausgesäit, wärt hire Kontrakt och verlängert ginn.