Den Tun Mestre ass prett fir den Challenge an Australien
De 6. Mee leeft den Tun Mestre zu Alice Springs d'Course "The Track" iwwer 522km. Et gëllt 9 Etappen ze meeschteren, woubäi déi lescht 127km laang ass.
Den 2. Mee geet et fir de fréieren FLF-Arbitter vu Lëtzebuerg op Paräis, vun do op Dubai, da weider op Sydney a vu Sydney weider op Alice Springs, wou hien de 4. Mee op deem aner Kontinent ukënnt.
The Track start dann de 6. Mee.
De Tun ass top virbereet, well hien huet 2154 km Training hannert sech, a freet sech riseg, dass et elo endlech lass geet. Virdrun ass hien awer och well den een oder anere Marathon du sable gelaf, also ass hie gewinnt extrem Situatiounen ze meeschteren.
Ervirzehiewe bleift, dass nëmme 24 Leit weltwäit des Erausfuerderung an Australien unhuelen, an dorënner dann och 1 Lëtzebuerger am Numm vum Tun Mestre, deen de Känguruen de Roude Léiw mat Stolz weise wäert.
De Tun seet jidderengem Merci, deen him Daumen dréckt, a freet sech och driwwer, dass esou vill Leit seng Initiativ ënnerstëtzen a fläisseg fir d'Special Olympics gespent hunn.