Géint Zypern gouf et um Freideg eng 1:3-Defaite, géint Liechtenstein dunn awer eng 3:0-Victoire.

Vun e Freideg bis e Sonndeg spillen d'Volleyballdammen a Liechtenstein ëm d'Europameeschterschaft an der Small Countries Division.

Nom éischten Dag an der Finale vun der Small Countries Division sti fir d'Lëtzebuergerinnen eng Defaite an eng Victoire um Kont.

E Freideg um fréie Mëtteg hu si sech nach mat 1:3 géint de Favorit Zypern geschloe ginn. Lëtzebuergerinne konnten zwar deen 1. Saz gewannen, ma no bal 2 Stonne stoung et um Enn 3:1 fir d'Zyprerinnen.

An der zweeter Partie um Owend géint den Ausriichter Liechtenstein kënne si sech dann an 3 Sätz, 25-23, 25-22 an 25-21, duerchsetzen.

Um Samschdeg spillen d'FLVB-Dammen um 17.30 géint Schottland an um Sonndeg um 16.30 Auer géint d'Färöer Inselen.

Nieft der Europameeschterschaft gëllen d'Matcher a Liechtenstein natierlech och als wichtegen Test am Hibléck op d'Spiller vun de klenge Länner an 2 Wochen an Island.

Hei zu Lëtzebuerg hunn d'Volleyball-Hären an engem Testmatch géint Schwäiz a fënnef enke Sätz mat 2:3 de Kierzere gezunn. Den zweete Match géint deeselwechte Géigner ass e Samschdeg den Owend um 19 Auer am Centre Atert zu Bartreng. Den Entrée ass fräi.