Volleyball-EM an der Small Countries Division
Lëtzebuerg klappt d'Färöer Inselen mat 3:2

Bei der Europameeschterschaft vun de klenge Länner am Lichtenstein, gewannen d'lëtzebuerger Dammen hire leschte Match a ginn am Schlussklassement déi 3.
No zwou Defaite géint Zypern a Schottland an der Victoire géint Lichtenstein, gewannen d'Lëtzebuergerinnen um Sonndeg a fënnef Sätz mat 3:2 géint d'Färöer Inselen.
An engem ganz spannende Match konnt Lëtzebuerg een 1:2 nach an een 3:2 Avantage dréinen a steet sou am Schlussklassement op der drëtter Plaz hannert Zypern a Schottland.
En Iwwerbléck aus lëtzebuerger Siicht vun de fënnef Sätz déi gespillt goufen:
25:22 23:25 22:25 25:20 15:10
Am meeschte gelies