Europameeschterschaft an der "Small Countries Division"

Vun e Freideg un trëtt d'FLVB-Selektioun am Gymnase vun der Coque géint d'Färöer Inselen, Zypern a Schottland un. Livestream vun de Matcher op RTL.lu.
Knapp zwou Wochen no der Spiller vun de klenge Länner an Island muss d'Nationalequipe vun de Volleyball-Hären an enger weiderer Kompetitioun untrieden. Mat der Goldmedail vun de Spiller an der Wallis musse si sech elo an der Final-Ronn vun der Europameeschterschaft an der Small Countries Division mat ganz anere Géigner moossen.
Vun e Freideg un trëtt d'FLVB-Selektioun am Gymnase vun der Coque géint d'Färöer Inselen, Zypern a Schottland un.
D'Viraussetzungen an der Small Countries Division si fir d'Team Lëtzebuerg vum Trainer Dieter Scholl net mat deene vun de Spiller vun de klenge Länner ze vergläichen.
Am éischte Match mussen d'Lëtzebuerger e Freideg den Owend um 20.30 Auer géint d'Färöer Inselen untrieden. D'Equipe vun de Schofsinselen ass wuel als déi am liichtsten anzestufen an domat missten d'FLVB-Hären dann och e gudde Start an den Tournoi fannen.
Den Dag dono spille Ralf Lentz a Co da géint den Äerzrival Zypern. Fir de Kapitän ass et e besonnesche Match, wou och nach di Eng oder Aner Rechnung opsteet.
Sollt de roude Léiwen eng Victoire geléngen, waard um Sonndeg de beschtbekannte Géigner Schottland op d'Haushären. Déi konnte si an der Qualifikatioun d'lescht Joer 3:0 bezwéngen an awer sollt en si op kee Fall ënnerschätzen. D'Schotte si bekannt dofir, kee Ball verluer ze ginn a bis di lescht Sekonn ze kämpfen.
An der Lutte ëm d'Goldmedail zielt de Ralf Lentz och op d'Ënnerstëtzung vum eegene Public. Och fir säin Trainer spillt den Heemvirdel eng wichteg Roll.
Am Lëtzebuerger Kader sinn de Robert Tomsicek an de Charel Hoffmann net mat dobäi, si ginn duerch Max Funk a Frantz Vosahlo remplacéiert.
Den Entrée ass déi 3 Deeg fräi. RTL.lu iwwerdréit déi 3 Lëtzebuerger Matcher am Livestream.