Lëtzebuerg wënnt 3-2 géint Zypern

Am zweete Match konnte sech déi Lëtzebuerger Volleyballer mat 3-2 géint Zypern behaapten. E Sonndeg heescht de Géigner Schottland.
D'Lëtzebuerger haten am 1. Saz ganz staark opgespillt. D'FLVB Selektioun hat sech fréi eng komfortabel Avance eraus gespillt an duerno och net méi ofginn. Zypern konnt nach eng Kéier op 23:24 verkierzen, mee Lëtzebuerg huet sech den éischten Saz (25:23) net méi huelen gelooss.
Nom 1. Saz koum Zypern wéi ausgewiesselt op den Terrain zeréck a konnt sech direkt mat 5-1 ofsetzen, eng Avance déi Zypern net méi ofginn huet (25:23).

Och am 3. Saz huet Zypern wéi déi besser Equipe ausgesinn. Lëtzebuerg ass de ganzen Saz iwwer engem Retard nogelaf, konnt awer no 5 Punkten Réckstand de Saz souguer nach mat 26:24 fir sech entscheeden.
Am 4. Saz koum Lëtzebuerg dunn awer ferm ënnert Rieder (14:25).
Am leschten an entscheedende Saz sollt et dunn also nach eng Kéier spannend ginn. Béid Equippen hunn sech näischt méi geschenkt. Um Enn wënnt Lëtzebuerg verdéngt mat 15:11 a setzt sech mat 3-2 duerch.
E Sonndeg um 17.30 Auer spillt Lëtzebuerg dann de leschte Match géint Schottland.