Um 3. Spilldag an der Nationaldivisioun wënnt Fenteng 3-1 géint de Belair a Walfer konnt sech am Spëtzematch mat 3-2 géint Stroossen behaapten.

Walfer domat neien Tabelleader, dat virun Stroossen an Dikrech. E Sonndeg hat Bartreng nach Péiteng op Besuch a konnt sech doheem mat 3-0 duerchsetze.

Um 3. Spilldag bei den Dammen konnt sech den Tabellenéischten Walfer mat 3-0 géint Stroossen behaapten, Mamer a Stengefort hunn sech och mat 3-0 géint Péiteng respektiv Fenteng duerchgesat. Um Sonndeg huet Dikrech mat 1-3 géint GYM Volley verluer.

An der Tabell bleift Walfer weiderhin ongeschloen un der Tabellespëtzt.