Dikrech wënnt 3-2 géint Walfer, Stroossen wënnt kloer

Um 13. Spilldag an der Nationaldivisioun am Härevolleyball verléiert Walfer 2-3 géint Dikrech.
Um Sonndeg klappt de Champion Stroossen Péiteng mat 3:0, Luerenzweiler gewënnt mat 3:1 géint de Belair an Fenteng wënnt mat 3:0 zu Bartreng.
Um 13. Spilldag am Dammevolleyball wënnt Dikrech 3-1 géint Walfer a Mamer klappt Fenteng 3-0. Um Sonndeg klappt Stroossen Péiteng mat 3:2 an Stengefort verléiert 1:3 géint Gym.
Nodeems Saison fir de Chris Zuidberg a säi Veräin Tours am franséische Volleyballchampionnat net gudd ugefaang huet an den Trainer huet misse gewiesselt ginn, ass den Champion en titre elo ennerwee Richtung Titelverdeegegung. Um 14. Spilldag gewennt Tours mat engem kloren 3-0 géint den direkte Konkurrent Poitiers a klemmt an der Tabell elo op déi zweete Plaz.
Mat engem ganz däitlechen 3:0 wënnt de VC Wiesbaden, Veräin vum Annalena Mach géint Thüringen a bleift op der drëtter Plaz an der Tabell.