Tokyo 2020All Kompetitiounsplaze fir déi verluechte Spiller confirméiert

RTL Lëtzebuerg
All d'Stadien a Plaze fir d'ofgesoten Olympesch Spiller vun Tokyo kënne fir den zweeten Ulaf am Summer 2021 bäibehale ginn, sou d'Organisateuren e Freideg.

Domadder wier de gréisste Problem vun der Logistik geléist. Och zäitlech gesi wäert de Plang änlech sinn, wéi deen, deen am Fong virgesi war. Just wéinst der Logistik misst ee mat klenge Changementer rechnen. Elo wou all Kompetitiounsplaz confirméiert gouf, wier awer emol ee grousse Meilesteen erreecht, sou d'Organisateure bei engem online Briefing.

D'Athlete kënnen also elo ufänken, sech richteg op déi verspéite Spiller virzebereeden. Tokyo 2020 gëtt also een Tokyo 2021, d'Olympesch Spiller sollen offiziell den 23. Juli 2021 opgoen.

Wéinst dem Coronavirus goufen d'Spiller fir dëst Joer ofgesot, wat och ee grousse Käschteproblem mat sech bréngt. En plus musse Betriber, bei deene Reservatioune fir Tokyo 2020 ofgesot goufen, entschiedegt ginn. Et misst ee kucken, wou een déi verluere Suen nees kéint erausschloen. Dofir hätten d'Organisateure schonn un d'Erëffnungs- a Ofschlosszeremonie geduecht.

Och net jidderee kann um neien Datum d'Olympesch Spiller besichen. Dofir ginn Enn des Joers Tickete rembourséiert fir déi, déi 2021 net komme kënnen.

Back to Top
CIM LOGO