Um Enn konnt sech den T71 Diddeleng géint d’Résidence Walfer deen 3. Championstitel an der 50 Joer aler Veräinsgeschicht sécheren. Fir d’Michèle Orban ass et deen éischten an awer och dee leschten Titel.
Déi 35 Joer al, 1 Meter 90 grouss Spillerin vum T71 hat nämlech am Virfeld schonn decidéiert, datt et déi lescht Saison wär. Mat der Zäit ass et ëmmer méi schwiereg ginn, d’Sportler-, d’Privat- an d’Beruffsliewen ënnert en Hutt ze kréien an et hu vill Sacrificë misse gemaach ginn.
“Et war eng immens schéin Zäit, ech sinn immens dankbar fir alles, wat ech duerch de Basket erlieft hunn. D’lescht Saison hat ech nach Congé parental. Lo ginn ech nees 65% schaffen, mir hunn en Haus gebaut, ech si Mamm, plus 4 Mol Training, dat ass alles e bësse vill.”
Zweemol hat d’Michèle Orban schonn d’Coupe gewonnen. Fir e Championstitel war et bis elo awer nach ni duergaangen. An der komescher Covid-Saison sollt et awer elo um Enn vun der Spillerkarriär dann awer klappen.
“Déi ganz Saison war et en Zil. Ob et elo méiglech wär mat der ganzer Coronasituatioun. Et war dee partielle Lockdown, wou net gespillt konnt ginn. Et waren ëmmer nees Situatiounen, wou nees vill Veräiner, wou de Corona dra war, do huet ee sech gefrot, war et dat elo?”
Dëst Joer feiert den T71 Diddeleng säi 50. Anniversaire. No 2003 an 2009 kann een an der Forge du Sud och nees de Championstitel am Dammebasket feieren. Méi e schéine Kaddo, fir Äddi ze soen, hätt d’Ekipp vum President Marcel Wagner dem Michèle Orban fir de Schluss vun hirer Karriär net kënne maachen. Ganz eriwwer ass et fir si awer nach net, och an der Nationalekipp muss nach e Schlussstréch gezu ginn, esou wéi sech dat gehéiert an zwar am beschte mat enger Victoire.