Europa League a Conference LeagueLeandro Barreiro a Vahid Selimovic kennen hir Géigner an der Ligaphas

RTL Lëtzebuerg
De Barreiro ass mat Benfica Lissabon an der Europa League vertrueden an de Vahid Selimovic mat Iberia aus Georgien an der Conference League.
Europa League Coupe (L) a Conference League Coupe (R)
Europa League Coupe (L) a Conference League Coupe (R)
© VALERY HACHE/AFP

E Freideg an der Mëttegstonn war d'Auslousung vun der Ligaphas an der Europa League an der Conference League.

En Donneschdeg scho war d'Auslousung vun der Ligaphas an der Champions League.

Europa League

An der Europa League ass mam Leandro Barreiro ee Lëtzebuerger mat sengem Veräi Benfica Lissabon vertrueden. An der Ligaphas vun der Europa League kritt een et mam AC Mailand (Italien), Celtic Glasgow (Schottland), Viktoria Pilsen (Tcheschien), Lech Posen (Polen), Nikosia (Zypern), Iraklion (Griichenland) a mat Nijmegen an Alkmaar (Holland) ze dinn.

Wéini gëtt d'Ligaphas gespillt?

1. Spilldag: 16./17. September 2026
2. Spilldag: 15. Oktober 2026
3. Spilldag: 22. Oktober 2026
4. Spilldag: 5. November 2026
5. Spilldag: 26. November 2026
6. Spilldag: 10. Dezember 2026
7. Spilldag: 21. Januar 2027
8. Spilldag: 28. Januar 2027

Wéini gëtt d'K.o.-Phas gespillt?

Playoffs vun der K.-o.-Phas: 18. & 25. Februar 2027
Aachtelsfinallen: 11. & 18. Mäerz 2027
Véierelsfinallen: 8. & 15. Abrëll 2027
Halleffinallen: 29. Abrëll & 6. Mee 2027
Finall (Frankfurt): 26. Mee 2027

Conference League

An der Conference League ass mam Vahid Selimovic och ee Lëtzebuerger mat vun der Partie. De Lëtzebuerger hat mat Iberia en Donneschdeg d'Qualifikatioun fir d'Haaptronn vun der Europa League verpasst a spillt elo eben an der Conference League.

An der Ligaphas krut ee follgend Géigner zougeloust: Kopenhagen (Dänemark), Crevena Zvezda (Bulgarien), Getafe (Spuenien), Sint-Truidense (Belsch), Jablonec (Tcheschien) a Mjällby (Schweden).

Wéini gëtt d'Ligaphas gespillt?

Spilldag 1: 15. Oktober 2026
Spilldag 2: 22. Oktober 2026
Spilldag 3: 5. November 2026
Spilldag 4: 26. November 2026
Spilldag 5: 10. Dezember 2026
Spilldag 6: 17. Dezember 2026

Wéini gëtt d'K.o.-Phas gespillt?

Playoffs vun der K.-o.-Phas: 18. & 25. Februar 2027
Aachtelsfinallen: 11. & 18. Mäerz 2027
Véierelsfinallen: 8. & 15. Abrëll2027
Halleffinallen: 29. Abrëll & 6. Mee 2027
Finall: 2. Juni 2027 (Istanbul)

Back to Top
CIM LOGO