
Ënnert anerem war et an Däitschland den Optakt an déi nei Saison an der 1. Bundesliga. An der Premier League an England an an der Ligue 1 Frankräich war et den Optakt vum 2. Spilldag.
Den Optakt an der Bundesliga hunn da Bayern München géint de VfB Stuttgart gemaach. An der 21. Minutt war et den Upamecano, dee fir den 1:0 fir Bayern gesuergt huet. Mat deem Resultat ass et dann och an d'Paus gaangen. Déi zweet Hallschent vum Match war kloer méi animéiert a Stuttgart konnt an der 53. Minutt fir den Ausgläich suergen, dat duerch e Gol vum Josha Vagnoman. D'Freed bei de Fans vum VfB huet awer net laang gehalen, nëmmen zwou Minutte méi spéit, nämlech an der 55. Minutt, huet de Michael Olise Bayern nees a Féierung bruecht. Nees zwou Minutte méi spéit, an der 57. Minutt huet Bayern dunn nach eemol op 3:1 erhéicht, ma dat duerch e Selbstgol vum Josha Vagnoman vu Stuttgart, dee fir den 1:1-Ausgläich gesuergt hat.
An der Schlussphas vum Match ass et dunn nach dem Pavlović an der 82. Minutt vum Match gelongen, de 4:1 ze markéieren, an der 92. Minutt huet den Diáz dunn nach een drop gesat, sou dass Bayern zum Schluss mat 5:1 kloer géint Stuttgart gewënnt.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
An der Premier League stounge sech e Freideg Crystal Palace a Manchester City géigeniwwer. An der éischter Hallschent vum Match konnt sech relativ séier Manchester City a Féierung bréngen, dat mat engem Gol vum Haaland an der 17 Minutt. No der Paus war et an der 54. Minutt de Cherki, deen op 0:2 fir Manchester City erhéije konnt. Zwou Minutte méi spéit war et dunn e Selbstgol vum Donnarumma, dee fir den 1:2 gesuergt huet. Dräi Minutten drop, an der 59. Minutt war et dann nees de Cherki, deen den 1:3 fir seng Ekipp markéiert. An der 84. Minutt war et dunn nach eemol den Haaland, dee fir d'4:1-Schlussvictoire gesuergt huet.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
An der 1. franséischer Liga dann waren et Lille an de PSG déi sech géigeniwwer stoungen. Relativ fréi, nämlech an der 21. Minutt war et den Haraldsson dee Lille a Féierung bruecht huet. No der Paus war et dunn géint Enn der 2. Hallschent de Bakwa, deen an der 84. Minutt fir d'2:0-Féierung gesuergt huet. Ma de PSG huet et fäerdeg bruecht, d'Spill nach ze dréien, dat an der Nospillzäit vun der Partie. An der 91. Spillminutt war et de Vitinha, deen op 2:1 verkierzt huet. An der 95. Spillminutt ass et dunn dem Marquinhos gelongen, nach en 2:2 fir de PSG erauszeschloen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1