Internationale FuttballArsenal léisst 2 wichteg Punkten zu West Ham leien

RTL Lëtzebuerg
Manchester United huet sech iwwerdeems mat 2:0 zu Nottingham behaapt. A Spuenien huet Barcelona säit 3 Matcher kee Gol méi geschoss.
© AFP

A Frankräich huet sech Lille knapp mat 2:1 géint Montpellier behaapt.

Juventus huet an der Serie A zu Sassuolo mat 0:1 de Kierzere gezunn.

Premier League

West Ham - Arsenal 2:2
0:1 Jesus (7'), 0:2 Ödegaard (10'), 1:2 Benrahma (33', Eelefmeter), 2:2 Bowen (55')

Arsenal huet zu West Ham ganz gutt an de Match fonnt an war no 10 Minutten duerch Goler vu Jesus an Ödegaard schonns 2:0 a Féierung. D’Gunners hunn et an der Suite awer ze labber ugoe gelooss an doduerch ass West Ham nees an d’Partie komm. No enger gudder hallwer Stonn konnt de Benrahma no engem Eelefmeter den Uschlossgol markéieren. No der Paus haten d’Gäscht déi grouss Chance, de Virsprong auszebauen. De Saka huet an der 52. Minutt säin Eelefmeter awer net erageschoss. Op der anerer Säit ass dem Bowen den Ausgläich gelongen. Arsenal konnt net méi reagéieren, soudass et beim 2:2 bliwwen ass. Arsenal bleift un der Tabellespëtzt, Manchester City kann awer bei enger Victoire de Réckstand op 1 Punkt verkierzen.

Nottingham Forest - Manchester United 0:2
0:1 Antony (32'), 0:2 Dalot (76')

E souveränen 2:0-Erfolleg gouf et fir ManU zu Nottingham. De Mann vum Match war den Antony. An der éischter Hallschent huet de Mëttelfeldspiller de wichtegen 1:0 markéiert. D’Heemekipp hat duerchaus Geleeënheete fir auszegläichen, huet déi awer net genotzt. Op der anerer Säit huet den Antony an der 76. Minutt den 2:0 vum Dalot virbereet. Dëse Virsprong hunn d’Gäscht bis zum Schluss net méi verspillt. Manchester United huet elo 6 Punkten Avance op Tottenham, déi op der 5. Plaz stinn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Sassuolo - Juventus 1:0
1:0 Defrel (64')

An enger Partie ouni gréisser Héichpunkten huet Juventus iwwerraschend mat 1:0 zu Sassuolo verluer. D’Gäscht hunn iwwert déi 90 Minutten net richteg an de Match fonnt an ze wéineg am Spill no vir gewisen, fir de Match fir sech ze entscheeden. D’Heemekipp huet gutt dogéint gehalen a behält, duerch de Gol vum Defrel, 3 Punkte bei sech doheem. Fir Juventus war et e Réckschlag an der Lutte ëm déi international Plazen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lille - Montpellier 2:1
0:1 Sylla (24'), 1:1 David (70'), 2:1 Cabella (72')

Laang Zäit hat et fir Lille am eegene Stadion net gutt ausgesinn. Duerch eng schlecht Performance an den éischte 45 Minutten, louch ee mat 0:1 hannen. Nom Téi huet d’Heemekipp besser an de Match fonnt a konnt de Score innerhalb vun 2 Minutten ëmdréien. David a Cabella hunn aus engem 0:1 en 2:1 gemaach. Montpellier huet sech vun den 2 séiere Goler net méi erholl. Sou sollt et beim 2:1-Succès fir Lille bleiwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Getafe - Barcelona 0:0

Barcelona huet zu Getafe kee gudde Match gewisen an huet sech misse mat engem 0:0 zefridde ginn. Déi éischt Chance goung op de Kont vun der Heemekipp, de Munir huet awer knapp laanscht de Gol geschoss. An der 26. Minutt haten d’Gäscht Pech, wéi de Raphinha an de Baldé kuerz noeneen de Potto getraff hunn. Nom Säitewiessel stoung Getafe weiderhi kompakt an der Ofwier. Barcelona huet sech wéineg Chancen erausgespillt an hat kuerz viru Schluss Gléck, datt dem Borja Mayoral säi Schoss knapp laanscht de Gol gaangen ass. Barcelona huet säit 3 Matcher kee Gol méi geschoss, bleift an der Tabell mat 11 Punkte Virsprong awer un der Spëtzt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO