Internationale FuttballArsenal wënnt am Londoner Derby géint Chelsea

RTL Lëtzebuerg
PSG Iwwerrennt Guingamp mat 9:0, Liverpool setzt sech knapp géint Crystal Palace duerch.

An den europäeschen Top-5-Ligaen gouf um Samschdeg och Futtball gespillt. An England stoung de Londoner Derby tëscht Arsenal an Chelsea am Mëttelpunkt. Liverpool hat vill Aarbecht géint Crystal Palace.

Premier League

Wolverhampton - Leicester 4:3

Insgesamt 7 Goler sollten d'Spectateuren ze gesi kréien. No 12 Minutten hat alles op eng Victoire vun der Lokalekipp higedeit, dëst nodeems de Jota an de Bennett markéiere konnten. Nom Säitewiessel war Leicester awer besser an de Match koum, a sou konnt de Gray no 47. Minutte verkierzen éiert de Coady duerch ee Selbstgol de Score op 2:2 ausgeglach hat. An der 64. Minutt konnt de Jota d'"Wolves" erëm a Féierung bréngen, ma kuerz viru Schluss konnt de Morgan an der 87. Minutt ausgläichen. De Mann vum Match sollt um Enn awer de Jota ginn, deen an der Nospillzäit mat sengem drëtte perséinleche Gol de 4:3 fir Wolverhampton schéisse konnt.

Liverpool - Crystal Palace 4:3

Liverpool hat iwwerdeems seng Schwieregkeete géint Crystal Palace. An der 34. Minutt konnt den Townsend d'Gäscht a Féierung bréngen, dëst no enger Virlag vum Zaha.
No der Paus war de Favorit aus Liverpool awer verbessert aus der Kabinn koum, a sou konnt de Salah an der 47. Minutt ausgläichen. Nëmme 6 Minutte méi spéit war et dann De Firmino, deen d'Ekipp vum Jürgen Klopp a Féierung brénge konnt.
Crystal Palace hat sech awer net opginn a sou war et dem Tomkins an der 65. Minutt gelongen, den Ausgläich ze markéieren. Um Enn sollt sech Liverpool dann awer duerchsetzen, dëst well de Salah mat sengem zweete perséinleche Gol an der 75. Minutt fir d'Féierung gesuergt hat an de Mané an der Nospillzäit fir d'Entscheedung gesuergt hat. An der 89. Minutt hat den James Milner nach seng zweete giel Kaart gesinn an huet soumat fréizäiteg missen dusche goen.
De Schlusspunkt konnt de Max Meyer fir Crystal Palace da setzen, ma et sollt um Enn awer net méi duergoen.
 
Arsenal - Chelsea 2:0

Arsenal war gutt an d'Partie gestart. De Lacazette konnt no 14. Minutten fir d'Féierung suergen. Nach an der éischter Hallschent an der 39. Minutt konnt de Koscielny fir den 2:0 suergen. Trotz dem extreme Ballbesëtz vun Chelsea war et de "Blues" net gelonge, Profit dorausser ze schloen.
Um Enn konnt sech Arsenal also duerchsetzen a steet elo an der Tabelle nëmme nach eng Plaz hannert Chelsea als 5.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Paris SG - Guingamp

A Frankräich bleift de PSG weiderhin déi dominéierend Ekipp. Um 21. Spilldag schéisst de Leader vum Championnat Guingamp of. Jeeweils dräi Goler konnten de Cavani an den Mbappé markéieren. De brasilianesche Star Neymar konnt weider zwee Goler zur Victoire bäisteieren, a souguer den Defenseur Thomas Meunier konnt sech feiere loossen. Um Enn iwwerrennt de PSG Guingamp mat 9:0.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - Sevilla 2:0

Real Madrid war iwwert wäit Strecken déi kloer dominéierend Ekipp ma et huet laang gedauert, éiert si och Profit aus der Iwwerleeënheet schloe konnten. An der 78. Minutt war et dann awer de Casemiro, deen seng Faarwen erléise konnt.
An der Nospillzäit konnt de Weltfussballer Luka Modric de Schlusspunkt setzen, a soumat wënnt Real mat 2:0 géint Sevilla.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

AS Roum - Torino 3:2

D'Lokalekipp vu Roum wollt sech mat enger Victoire weider uewen an der Tabell festsetzen. Dëst sollt de Réimer och geléngen. No enger véierel Stonn konnt den Zaniolo seng Faarwen a Féierung bréngen. An der 34. Spillminutt war et de Kolarov, deen duerch een Eelefmeter op 2:0 erhéije konnt.
Nom Säitewiessel hunn d'Haushären de Fuedem awer bësse verluer, a sou konnt Turin erëm Hoffnung hunn. An der 51. Spillminutt konnt den Tomas Rincon op 1:2 verkierzen, ma no 67. war et dem Ansaldi esouguer gelongen op 2:2 auszegläichen. Duerno krut Roum sech awer erëm gefaangen, a sou konnt den El Shaarawy an der 73 Minutt den 3:2 fir seng Faarwe markéieren a soumat och fir de Schlusspunkt suergen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO